Slammin’
July 15, 2010
Indeed. I have another Luxembourgish article for you guys. Apologies to those of you, who do not actually understand this exotic language of ours.

Am Kader vum Fundamental Monodrama Festival vum Kulturhaus Nidderaanven war geschter Owend een Poetry Slam an daitscher Sprooch. Een Poetry Slam ass, wei de Numm et schon seet, en Dichterwettbewerb, bei dem et drems geet, mat sengen selwergeschriwenen Texter ze beandrocken, an bis an d’Finale weiderzekommen. Des Art vu ‘Performance’ huet firun 20 Joer an Amerika ugefaang, an ass lues a lues och an Europa mei populär gin.
Kessen um Buedem a gedämpften Luuten hu fir eng gemittlech Atmosphär gesuergt, an no engem kuerzen Text vum Haaptorganisateur vum Slam, dem Luc Spada, huet et dun och schon ugefaangen. Well beim Poetry Slam eenzeg an aleng eng Persoun op der Bühn steet, dei weder d’Recht op Kulissen nach soss Accessoiren huet, steet d’Performance an den Text ganz am Mettelpunkt vum Interet. Ugefaang huet den Francis Kirps, den eenzegen Letzeboier Poet den ugetrueden ass. Mat sengem Text iwer den ‘Octopus Paul’, den d’Fussball-weltmeeschterschaft Resultater virausgesot huet, huet heen de Public e wéineg ennerhaal, awer net méi. Weider goung et mam Christian Happ, den mat dräi kuerzweilegen Texter, dei vu veschiddenen Themen, wei zum Beispill dem Wierder, gehandelt hun, opgetrueden ass.
No all Poet konnt d’Jury, zesummengesaat aus sechs Leit aus dem Public, eng Punktzuel vergin – d’Poeten mat den héchsten Punktzuelen koumen dann weider an d’Hallef-finale, respektiv an d’Finale.
Weider an d’Finale ass dann och den nächsten Poet komm, den Tobias Kunze vun Hannover, deen zimmlech bekannt an der däitscher Poetry-Slam Szene ass. Et huet een gudd gemierkt, dass de Tobias Kunze schon vill Erfahrung huet - mat extrem vill Elan an Wuertzwitz huet hee seng energesch Texter firgedroen, an war mat ganzem Haerz dobäi. D’Texter vum Tobias Kunze, déi op eng witzeg Manéier den Alldaag vum Liewen am 21. Joerhonnert thématiséiren, hun de Public iwerzeegt. Alldeeglech Personnagen kombineiert mat aussergeweinlechen Schicksaler, wei zum Beispill d’Frau Schrader dei muss en Artikel fir di däitsch Fraenzaitschreft Brigitte verfaassen an dobäi allerlee erlieft, markéiren dem Kunze seng Texter. Gesallschaftspolitesch Themen huet heen mat spontanen Walgesang-Einlagen an sengem melodeschen Text, bei dem een ganz kloer d’Hip-hop Afless spiert, kombinéiert. Speider war et och desen Poet, den d’Finale gewonnen huet, trotz engem Text, den manner staark war, wei seng virescht.
De Slam war effektiv eng ganz schein Meschung aus méi witzegen an mei besonnenen, lyreschen texter. D’Carmen Wegge, sou wéi d’Theresa Hahl an d’Pauline Füg waren dei dräi Poetinnen, dei ugetrueden sin. Dei dräi hun mat mei nodenklechen, poeteschen Texter iwerzeegt, woubäi d’Theresa Hahl, wat weider an d’Halleffinale komm ass, een ganz authenteschen an originellen Ableck an d’Réalitéit vun senger eegener Onsecherheet gin huet. Ganz schei huet hat dovun erzielt, wei him duerch sai Manque un Selbstbewosstsein vill Steng am Wee leien.

Theresa Hahl
D’Pauline Füg aus Eichstätt, dat leider net weider komm ass, huet e scheint Gedicht iwer de menschlechen Reflex, eng schützend Mauer em sech ze bauen, firgedroen. Mat enger scheiner Ritter/Rüstung Metapher an enger Referenz un dem Rilke sain Gedicht ‘Der Panther’ huet hat d’Leit iwerzeegt. ‘Mein Herz soll die Klappe halten’ – sou ee Vers aus sengem Text.
Weider Highlights vum Public waren de Frank Klötgen an den Sebastian 23. De Sebastien 23, den Vize-Weltmeeschter am Poetry-Slammen ass, huet de Public firun allem mat Wuertwitz an Humor iwerzeegt, woubäi d’Themen dei an sengen Texter behandelt goufen, relativ flaach an klischeehaft konnten riwerkommen. Facebook-Witzer an Ex-Frendinnen Parabelen kennen zwar witzeg sin, mee kommen och sulues an d’Joeren.
Eng erfreschend nei Approche huet de Frank Klötgen bewisen, den mat sengen skandinaveschen Schauerbaladen an surrealen Liebeslieder mat de Wierder jongléiert huet. Dese Poet huet gewisen, wei gudd heen d’Sprooch maitriséiert, och wann heen duerch sai Choix vu Wierder vlaicht fir d’Leit manner zougänglech war.
Pierre Jarawan huet den Poet geheescht, den geint den Tobias Kunze an der Finale ugetrueden ass. Vum Public applaudéiert, war heen zwar talenteiert, mee net esou usprochsvoll am Choix vu sengen Themen.
D’Themen vum Slam waren menschlech an eierlech, an grad bei denen Poeten, wou d’Leit et einfach fonnt hun, sech am Text eremzefannen, war den Applaus am stäerksten. Et war een Owend, an dem sech jonk Kenschtler onprétenziéis ausgedreckt hun, an dobäi Spaass haaten. Meng perseinlech Favourites waren wuel dei, dei am authenteschsten gewierkt hun – d’Pauline Füg an d’Theresa Hahl.
Alles an allem e gelongenen Owend mat talentéierten Leit. Gidd roueg souee Slam kucken, wann der d’Geleenheet hudd.
Yo, tambien.
July 5, 2010
And now, something completely different.. something in Luxembourgish.
Yo, tambien.
Dem Alvaro Pastor an Antonio Naharro hiiren Debutfilm, Yo, tambien, ass d’Geschicht vun engem 34-jähregen Mann, dem Daniel, den um Down-Syndrome leit. Dei zwee Regisseuren haaten schon 2005 um Kuerzfilm ‘Invulnerable’ zesummengeschafft, den dräi Präisser gewonnen haat – enner aanerem den Acting Award um Brest European Short Film Festival. An ‘Invulnerable’ gett d’Geschicht vun engem Mann erzielt, den erausfennt, dass en HIV positiv ass. Themen wei Krankheet an Isolatioun stin am Zentrum vun de Regisseuren hiirem Intéret.
Wat den Protagonist an Yo tambien sou speziell mëcht ass, dass heen op d’Uni war, an sech usech net souvill vun ‘gesonden’ Leit ennerscheed. Heen huet d’Capacitéit, sech an aner Menschen eranzeversetzen, an fennt et och net immens schwéier, mat sengen Matmenschen ze kommunizeiren. Op sengem 1. Aarbechtsdaag leiert den Daniel, gespillt vum Pablo Pineda, d’Laura, seng Mataaarbechterin kennen. Tescht denen zwee entweckelt sech eng schéi Frennschaft – den Daniel awer, verleift sech an d’Laura. Hee fillt sech nämlech bei him ‘normal’ an, wei soss sielen, akzepteiert. D’Laura, gespillt vun der spuenescher Actrice Lola Duenas, huet sech vun senger Famill détacheiert an ass vun Madrid op Sevilla geplennert. Hat leit emmer nach un sengen fréieren Problemer an huet bis ewell Trouscht an Diskoen, Alkohol an an Friemen hieren Aerm gesicht. Hat entweckelt ähnlech Gefiller fir den Daniel ewei hien fir hat, mee kann sech, wuel firun allem weinst dem Daniel senger Krankheet, net dorobber aloossen. Et ass d’Verloossenheet, dei dei zwee deelen, an dei si verbennt – och wann firun allem dem Daniel seng Mam dat net kann novollzeihen, an sech schwéier deet, des Relatioun z’akzeptéiren . Trotz allem mierkt een am Film wei dei zwee Personnagen lues an lues um Wee sin, glecklech ze gin – op hier ganz eegen Art a Weis.
Interessant ass et och ze wessen, dass de Pablo Pineda eng Roll spillt, dei sengem eegenen Liewen relativ ähnlech ass. Heen ass en effet den 1. Mensch mat Down Syndrome, den hei an Europa en Unistudium ofgeschloss huet.
Fir musikalesch Ennermolung am Film suergt nieft The School an Giorgio Tuma haaptsächlech den Guille Milkyway, den mat kloeren, kuerzen musikaleschen Interluden, dei speziell fir de Film komponeiert goufen, dat Ganzt ofronnt. ‘Mir wollten en Soundtrack, den eis eppes iwer d’Personnagen erzielt’, sou de Regisseuren-Duo.
Wait ewech vun iwerflächlechen Comédie romantique an Popcorn Kino, beweisen dei zwee Regisseuren hiirt Talent an desem doucen, eierlechen Film. Eng Geschicht, dei duerch dei formidabel Performancen vun den zwee Haaptduersteller hiir Dynamik behällt, an duerch humorvoll an schein Dialoger de Public bereiert. En kuckenswaerten Film den mat Succès d’Themen Integratioun, Enttäuschung, Isolatioun, Frennschaft an Anescht-sin, behandelt. Ausserdem werft en interessant Froen iwer menschlech Kompatibiliteit op. Gidd e kucken!

Ein letztes Mal winken und – ich bin raus.
April 19, 2010
After my mental break from the world, I will now take a proper one to concentrate on the work I have to do fir uni. So Clementine says bye for a while. In the meantime, you can check out my tumblr, which will include some of the pretty/horrible/awesome/grim/supercalifragilisticexpialidocious discoveries I make.
I’m leaving you with a few pictures from the wonderful Marcel Dzama, whose work I recently discovered at the Musee d’ Art contemporain in Montreal, QC.







On Hold
April 3, 2010

Geographical and mental break.
Our feet are the same
‘Catweazle Love’
March 27, 2010
The magic of the place. The smell of the incense, the dimmed lights, the artists, the performance, the poetry, the guitar, the music. It’s like being transported to a different world.
Catweazle Club is a night hosted at the East Community Centre in Oxford. It is an open mic night open to everyone – focusing primarily on poetry and music. If you don’t want to perform, (performers get in for free) , you pay 5 pounds and sit down and let yourself be completely submerged by the magic of the place. Seriously, there is nothing like it. I had the priviledge of being a part of it on Thursday, by reading some of my stuff.

photo de Guillaume Rater
Crtl-Alt-Shift
March 17, 2010
Ctrl-Alt-Shift are a very engaged group of social and political activists. This is one of their works. Straight to the point.
It’s as if she evaporated straight through the walls.
March 9, 2010
Martin Scorsese’s new film ‘Shutter Island’ is one of the most powerful, intelligent an artistic films I have seen in a long time. The story is just as fantastic as the acting. It is hard to write about it without revealing too much – it deals with sanity, delusion, the human mind and guilt. I love DiCaprio. And Ben Kingsley. Fabulous film.

Gefühlslage
March 9, 2010
Choses perdues.
March 5, 2010
The tunnel of Gold
March 1, 2010
‘Regarde, il gèle – Là sous mes yeux
Des stalactites de rêves – Trop vieux
Toutes ces promesses qui s’évaporent
Vers d’autres ciels, vers d’autres ports
Et mes rêves s’accrochent à tes phalanges
Je t’aime trop fort, ça te dérange
Et mes rêves se brisent sur tes phalanges
Je t’aime trop fort Mon ange, mon ange
De mille saveurs , une seule me touche
Lorsque tes lèvres effleurent ma bouche
De tous ces vents, un seul me porte
Lorsque ton ombre passe ma porte..’
Aaron.