Yo, tambien.
July 5, 2010
And now, something completely different.. something in Luxembourgish.
Yo, tambien.
Dem Alvaro Pastor an Antonio Naharro hiiren Debutfilm, Yo, tambien, ass d’Geschicht vun engem 34-jähregen Mann, dem Daniel, den um Down-Syndrome leit. Dei zwee Regisseuren haaten schon 2005 um Kuerzfilm ‘Invulnerable’ zesummengeschafft, den dräi Präisser gewonnen haat – enner aanerem den Acting Award um Brest European Short Film Festival. An ‘Invulnerable’ gett d’Geschicht vun engem Mann erzielt, den erausfennt, dass en HIV positiv ass. Themen wei Krankheet an Isolatioun stin am Zentrum vun de Regisseuren hiirem Intéret.
Wat den Protagonist an Yo tambien sou speziell mëcht ass, dass heen op d’Uni war, an sech usech net souvill vun ‘gesonden’ Leit ennerscheed. Heen huet d’Capacitéit, sech an aner Menschen eranzeversetzen, an fennt et och net immens schwéier, mat sengen Matmenschen ze kommunizeiren. Op sengem 1. Aarbechtsdaag leiert den Daniel, gespillt vum Pablo Pineda, d’Laura, seng Mataaarbechterin kennen. Tescht denen zwee entweckelt sech eng schéi Frennschaft – den Daniel awer, verleift sech an d’Laura. Hee fillt sech nämlech bei him ‘normal’ an, wei soss sielen, akzepteiert. D’Laura, gespillt vun der spuenescher Actrice Lola Duenas, huet sech vun senger Famill détacheiert an ass vun Madrid op Sevilla geplennert. Hat leit emmer nach un sengen fréieren Problemer an huet bis ewell Trouscht an Diskoen, Alkohol an an Friemen hieren Aerm gesicht. Hat entweckelt ähnlech Gefiller fir den Daniel ewei hien fir hat, mee kann sech, wuel firun allem weinst dem Daniel senger Krankheet, net dorobber aloossen. Et ass d’Verloossenheet, dei dei zwee deelen, an dei si verbennt – och wann firun allem dem Daniel seng Mam dat net kann novollzeihen, an sech schwéier deet, des Relatioun z’akzeptéiren . Trotz allem mierkt een am Film wei dei zwee Personnagen lues an lues um Wee sin, glecklech ze gin – op hier ganz eegen Art a Weis.
Interessant ass et och ze wessen, dass de Pablo Pineda eng Roll spillt, dei sengem eegenen Liewen relativ ähnlech ass. Heen ass en effet den 1. Mensch mat Down Syndrome, den hei an Europa en Unistudium ofgeschloss huet.
Fir musikalesch Ennermolung am Film suergt nieft The School an Giorgio Tuma haaptsächlech den Guille Milkyway, den mat kloeren, kuerzen musikaleschen Interluden, dei speziell fir de Film komponeiert goufen, dat Ganzt ofronnt. ‘Mir wollten en Soundtrack, den eis eppes iwer d’Personnagen erzielt’, sou de Regisseuren-Duo.
Wait ewech vun iwerflächlechen Comédie romantique an Popcorn Kino, beweisen dei zwee Regisseuren hiirt Talent an desem doucen, eierlechen Film. Eng Geschicht, dei duerch dei formidabel Performancen vun den zwee Haaptduersteller hiir Dynamik behällt, an duerch humorvoll an schein Dialoger de Public bereiert. En kuckenswaerten Film den mat Succès d’Themen Integratioun, Enttäuschung, Isolatioun, Frennschaft an Anescht-sin, behandelt. Ausserdem werft en interessant Froen iwer menschlech Kompatibiliteit op. Gidd e kucken!
