Slammin’

July 15, 2010

Indeed. I have another Luxembourgish article for you guys. Apologies to those of you, who do not actually understand this exotic language of ours.

Am Kader vum Fundamental Monodrama Festival vum Kulturhaus Nidderaanven war geschter Owend een Poetry Slam an daitscher Sprooch. Een Poetry Slam ass, wei de Numm et schon seet, en Dichterwettbewerb, bei dem et drems geet, mat sengen selwergeschriwenen Texter ze beandrocken, an bis an d’Finale weiderzekommen. Des Art vu ‘Performance’ huet firun 20 Joer an Amerika ugefaang, an ass lues a lues och an Europa mei populär gin. 

Kessen um Buedem a gedämpften Luuten hu fir eng gemittlech Atmosphär gesuergt, an no engem kuerzen Text vum Haaptorganisateur vum Slam, dem Luc Spada, huet et dun och schon ugefaangen. Well beim Poetry Slam eenzeg an aleng eng Persoun op der Bühn steet, dei weder d’Recht op Kulissen nach soss Accessoiren huet, steet d’Performance an den Text ganz am Mettelpunkt vum Interet. Ugefaang huet den Francis Kirps, den eenzegen Letzeboier Poet den ugetrueden ass. Mat sengem Text iwer den ‘Octopus Paul’, den d’Fussball-weltmeeschterschaft Resultater virausgesot huet, huet heen de Public e wéineg ennerhaal, awer net méi. Weider goung et mam Christian Happ, den mat dräi kuerzweilegen Texter, dei vu veschiddenen Themen, wei zum Beispill dem Wierder, gehandelt hun, opgetrueden ass.

No all Poet konnt d’Jury, zesummengesaat aus sechs Leit aus dem Public, eng Punktzuel vergin – d’Poeten mat den héchsten Punktzuelen koumen dann weider an d’Hallef-finale, respektiv an d’Finale.

Weider an d’Finale ass dann och den nächsten Poet komm, den Tobias Kunze vun Hannover, deen zimmlech bekannt an der däitscher Poetry-Slam Szene ass. Et huet een gudd gemierkt, dass de Tobias Kunze schon vill Erfahrung huet -  mat extrem vill Elan an Wuertzwitz huet hee seng energesch Texter firgedroen, an war mat ganzem Haerz dobäi. D’Texter vum Tobias Kunze, déi op eng witzeg Manéier den Alldaag vum Liewen am 21. Joerhonnert thématiséiren, hun de Public iwerzeegt. Alldeeglech Personnagen kombineiert mat aussergeweinlechen Schicksaler, wei zum Beispill d’Frau Schrader dei muss en Artikel fir di däitsch Fraenzaitschreft Brigitte verfaassen an dobäi allerlee erlieft, markéiren dem Kunze seng Texter. Gesallschaftspolitesch Themen huet heen mat spontanen Walgesang-Einlagen an sengem melodeschen Text, bei dem een ganz kloer d’Hip-hop Afless spiert, kombinéiert.  Speider war et och desen Poet, den d’Finale gewonnen huet, trotz engem Text, den manner staark war, wei seng virescht.

De Slam war effektiv eng ganz schein Meschung aus méi witzegen an mei besonnenen, lyreschen texter. D’Carmen Wegge, sou wéi d’Theresa Hahl an d’Pauline Füg waren dei dräi Poetinnen, dei ugetrueden sin. Dei dräi hun mat mei nodenklechen, poeteschen Texter iwerzeegt, woubäi d’Theresa Hahl, wat weider an d’Halleffinale komm ass, een ganz authenteschen an originellen Ableck an d’Réalitéit vun senger eegener Onsecherheet gin huet. Ganz schei huet hat dovun erzielt, wei him duerch sai Manque un Selbstbewosstsein vill Steng am Wee leien.

Theresa Hahl

D’Pauline Füg aus Eichstätt, dat leider net weider komm ass, huet e scheint Gedicht iwer de menschlechen Reflex, eng schützend Mauer em sech ze bauen, firgedroen. Mat enger scheiner Ritter/Rüstung Metapher an enger Referenz un dem Rilke sain Gedicht ‘Der Panther’ huet hat d’Leit iwerzeegt. ‘Mein Herz soll die Klappe halten’ – sou ee Vers aus sengem Text.

Weider Highlights vum Public waren de Frank Klötgen an den Sebastian 23. De Sebastien 23, den Vize-Weltmeeschter am Poetry-Slammen ass, huet de Public firun allem mat Wuertwitz an Humor iwerzeegt, woubäi d’Themen dei an sengen Texter behandelt goufen, relativ flaach an klischeehaft konnten riwerkommen. Facebook-Witzer an Ex-Frendinnen Parabelen kennen zwar witzeg sin, mee kommen och sulues an d’Joeren.

Eng erfreschend nei Approche huet de Frank Klötgen bewisen, den mat sengen skandinaveschen Schauerbaladen an surrealen Liebeslieder mat de Wierder jongléiert huet. Dese Poet huet gewisen, wei gudd heen d’Sprooch maitriséiert, och wann heen duerch sai Choix vu Wierder vlaicht fir d’Leit manner zougänglech war.

Pierre Jarawan huet den Poet geheescht, den geint den Tobias Kunze an der Finale ugetrueden ass. Vum Public applaudéiert, war heen zwar talenteiert, mee net esou usprochsvoll am Choix vu sengen Themen.

D’Themen vum Slam waren menschlech an eierlech, an grad bei denen Poeten, wou d’Leit et einfach fonnt hun, sech am Text eremzefannen, war den Applaus am stäerksten.  Et war een Owend, an dem sech jonk Kenschtler onprétenziéis ausgedreckt hun, an dobäi Spaass haaten. Meng perseinlech Favourites waren wuel dei, dei am authenteschsten gewierkt hun – d’Pauline Füg an d’Theresa Hahl.

Alles an allem e gelongenen Owend mat talentéierten Leit. Gidd roueg souee Slam kucken, wann der d’Geleenheet hudd.

One Response to “Slammin’”


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Connecting to %s

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.